Mat insgesamt 612 Leef a ronn 4900 gelafene Kilometer war de

virtuelle
„Laf ronderëm de Séi“,

e vollen Erfolleg. Et war eist Uleies an dësen Zäiten e positivt Signal ze setzen an eppes ze organiséieren fir d’Schüler ze motivéieren sech ze beweegen an domadder eppes fir hir Fitness ze maachen.

E grousse MERCI a BRAVO geet deemno un déi

485 Schüler
an 101 Proffen

déi zwëscht dem 28. an dem 31. Mee aktiv ënnerwee waren.

D’nächst Joer wäert dann di nächst Editioun vun dësem Laf, deen traditionell zu Iechternach vun der LASEL zesumme mat der Sportsektioun vum LCE organiséiert gëtt, nees zu Iechternach ronderëm de Séi stattfannen.


Wat ass de "virtuelle" Laf Ronderëm de Séi?
Du leefs zwëscht dem 28. an dem 31. Mee eng Distanz vu 6km bis 10km bei dir doheem an dokumentéiers dat.

Wie ka matmaachen?
All Schüler an all Proff mat engem 365-Zougang (school.lu oder education.lu)

Wéi kann ech matmaachen?
Dro däin Numm, deng Schoul an deng Kilometeren, déi's de deen Dag gelaf bass zesumme mat mindestens enger Foto (Selfie vum Lafen, Garmin, Tracker...) am Teams-LASEL-Allgemein vun der LASEL an.

Wéi kommen ech am beschten op dee Kanal?
Am beschte mells de dech fir d'éischt am Teams (online am Browser oder an der App) un a klicks dann op de Link.
Oder du sichs de Kanal am Teams mat "Einem Team beitreten"
a sichs no "LASEL" oder gëss de Code an: g7kshh1