Wat
ass de "virtuelle" Laf Ronderëm de Séi?
Du leefs zwëscht dem 10. an dem 13. Juni eng Distanz
vu 6km bis 10km bei dir doheem an dokumentéiers dat.
Wie
ka matmaachen?
All Schüler an all Proff mat engem 365-Zougang (school.lu
oder education.lu)
Opgepasst!
D'Sécherheet
huet absolut Prioritéit. Dofir laf nëmmen op Plazen déi's de
kenns an déi geséchert sinn (Trottoire, Feldweeër...) Well et
eng Fräizäitaktivitéit ass déi net vun der Schoul surveilléiert ka
ginn ass d'Participatioun op eege Gefor.
Wéi
kann ech matmaachen?
Dro däin Numm, deng Schoul an deng Kilometeren, déi's
de deen Dag gelaf bass zesumme mat mindestens enger Foto (Selfie
vum Lafen, Garmin, Tracker...) am Teams-LASEL-Allgemein
vun der LASEL an.
Wéi
kommen ech am beschten op dee Kanal?
Am beschte mells de dech fir d'éischt am Teams (online
am Browser oder an der App) un a klicks dann op de Link.
Oder du sichs de Kanal am Teams mat "Einem Team beitreten"
a sichs no "LASEL" oder gëss de Code an: g7kshh1
|