Mat insgesamt 159 Vëlostier a ronn 3.880 gefuere Kilometer war och eis

virtuell
Vëlos-Randonnée

gutt besat. Mir motivéieren weider Schüler, Proffen an Elteren sech ze beweegen an domadder eppes fir hir Fitness ze maachen.

E grousse M E R C I a B R A V O geet deemno un déi

125 Schüler
a 19 Proffen

déi zwëscht dem 1. an dem 4. Juli aktiv ënnerwee waren.

A mir kënnen iech elo scho Rendez-vous ginn fir d'nächst Joer am 3. Trimester op der Randonnée an um MTB-Championnat matzefueren.

MACH MAT
A BLEIF FIT ...

 


 

Wat ass d' "virtuell" Vëlos-Randonnée?
Du fiers zwëscht dem 1. an dem 4. Juli e sportlechen Tour mam Vëlo (Mountainbike (8-30km) oder Stroossevëlo (10-60km) ) an dokumentéiers dat.

Opgepasst!
D'Sécherheet huet absolut Prioritéit. Do e Casque un fir ze fueren, fuer nëmme Weeër déi's de kenns a wanns de net gewinnt bass op der Strooss ze fueren, da fuer léiwer op Vëlosweeër, Feldweeër oder
Bëschweeër ;-)
De Code de la Route ass ëmmer an iwwerall ze respektéieren. Well et eng Fräizäitaktivitéit ass an net vun der Schoul surveilléiert, ass d'Participatioun op eege Gefor.

Wie ka matmaachen?
All Schüler an all Proff mat engem 365-Zougang (school.lu oder education.lu)

Wéi kann ech matmaachen?
Dro däin Numm, deng Schoul an deng Kilometeren, déi's de deen Dag gefuer bass zesumme mat mindestens enger Foto (Foto um Vëlo, Garmin, Tracker...) am Teams-LASEL-Allgemein vun der LASEL an.

Wéi kommen ech am beschten op dee Kanal?
Am beschte mells de dech fir d'éischt am Teams (online am Browser oder an der App) un a klicks dann op de Teams-LASEL-Allgemein .
Oder du sichs de Kanal am Teams mat "Einem Team beitreten"
a sichs no "LASEL" oder gëss de Code an: g7kshh1